C.M. SPOO De Papp (Auszock aus: Soeur Marie du Bon Pasteur) De Papp wor e Mann, dee sech vill huet ploen a schënne missen, fir d'Suë fir de Stot erbäizeschafen. E wor Aarbechter, Dréier an enger Porzeläinsfabrik, an en huet vu muerges fréi bis owes spéit op engem Tur Plättlen an Tellere gedréit, fir séng Pai voll ze kréien, wéi en s'am Enn vum Mount néideg hat. Déi zwéin eelster Jongen hun him dobäi gehollef. Wann d'Zäite gutt woren, da war séng eenzeg Erhuelung déi, sonndes nomëttes, no der Vesper, eng Schäppche Greechen ze drénken, an dobäi mat Komeroden eng Parti Mënsch zou engem Dubbel ze maachen. Zum Nuechtiesse wor hien ëmmer doheem. En hat séng Elteren als Kand verluer, an as vun enger aler Giedel opgezillt gin, déi d'Mamm an hie bis zu hirem Doud bei sech haten a gutt versuergt hun. D'Schoule woren nach séier schappeg an deer Zäit an d'Kanner hun am Wanter nach missen, eent ëm d'anert, e Schäit Holz matbréngen, fir den Uewen ze hëtzen. 'T kann ee sech denken, wat an esou Schoule konnt geléiert gin. Duerfir ower grad wor et dem gudde Mann héich unzerechnen, datt e bis un d'Enn vu séngem Liewen, am Wanter owes a sonndes a sénge fräie Stonnen, sech mat der Fieder beschäftegt huet. Séng eenzeg Plëséier wor d'Musek, déi en niewent sénger Familjen iwwert alles geschat a geléift huet. An der Fabrik haten s'eng Blosmusek, an do huet en als ganz jonge Borscht den Ufank dervu geléiert, spéider ower doduerch nach vill bäigeléiert, datt en all séng Jongen, vu Kanddoën, derzou ugehalen an se selwer geléiert huet. »Iwwert dem Léiere léiert en« sot en dacks, an dat wor bei him de Fall. Wann d'Lektioun eriwwer wor, dann huet hien d'Fieder an d'Tëntefaass geholl an huet Noute geschriwwen. Dat wor nun eng ganz méisilleg Aarbecht, besonnesch am Ufank. Ech gesinn en nach, wéi e laascht säi Riich»schäit eng Linnech no der aner mat sénger Fieder gezun an dann all déi sëlleche ganz, hallef, véierels, aachtels, siechzéngtels, zweeandrësseger an véierasiechzeger Nouten eng no der aner higesat huet, mat enger Korrektheet an enger Genäegkeet, déi jidferee bewonnere muss, dee se haut nach gesäit. Fir sech nët ze iren, hat en e Boxeknapp, deen e vun enger Nout zur aner viru geréckt huet. Domat huet en eng Kollektioun vu schéine Saachen hannerlooss, besonnesch fir zwou Flitten, wouvun as en der en etlech selwer gesat hat, elauter klassesch Musek, aus Opere vun deer Zäit, speziell vum Weber, Mozart, Winter, etc.; duerniewent Ouvertüren, Sonaten a Phantasië fir datselwecht Enstroment vun de beschte Meeschteren, e Bewäis fir säi gudden, geléierte Goût. Ech hun nach esou eng Kollektioun Flittenduoë vun him, déi ewéi en Hellegtom a ménger Familjen opgehuewen a veréiert gin. Esoubal ewéi ee vun de Jongen d'Fangere laang genuch hat, dann huet en eng Flittchen (Piccolo) oder eng hallef Gei an d'Haus kritt, an da gouf fléck ugefaangen. Déi fënnef Jongen woren ower all aläert an äerdeg zur Musek an hun, zur Gellecht vum Papp, een ewéi deen aner gutt geléiert. Et goung, ewéi ee seet, alles am Spillen. De Papp hat säin Himmel op dëser Welt, ewéi d'Jongen all esou wäit erop woren, datt se zu sechs matenee spille konnten. Vun do un, wann am Fréijor an am Summer d'Wieder sech nëmmen e wéineg geschéckt huet, dann huet en se sonndes muerges éidag aus de Better gedriwwen, a wéi gären hun se sech dreiwe gelooss! Da gouf um Trousknäppchen de Sonnenopgank mat enger Ambaart begréisst, déi d'Schléifer am Dall erwächt huet. Déi Bëschfuerte woren esou bekannt, datt ëmmer eng Mass aner Leit matgaange sin. Da sin all Baachen a Fielsschlëff vun der éiweg schéiner an éiweg groussaarteger Lëtzebuerger Schwäiz duerchsträift gin, an tëschent de Läen as geblose gin, datt den Echo et honnertfälteg duerch d'schlank Killen an d'Risekäscht, déi leider all Dag méi rar gin, fortgedroen huet. D'Freed, déi mécht ons d'Melodie, D'Frëndschaft bréngt ons d'Harmonie, D'Léift, dat gët de gudde Klank, Vivat Musek a Gesank! Den éischte Sonndeg am Mee, dann as an aller Fréi de Meekranz gemaacht gin, an dat wor all Jor e Fest fir d'ganz Gemeng: Grouss a Kleng, a Jonk an Al as matgaangen an haten hir Freed un dem Mann mat sénger eenzeger Musek, déi deemols nach eleng an der Uertschaft wor, ewell déi vun der Fabrik war scho laange Joren agaang. Wann et ëm déi Zäit Päischte wor, da war d'Haische vun der Familjen nom Feierowend wäit a breet vu Leiden ëmgin, ewell da gouf all Owes de Spranghellegemarsch agëéift a geblosen, deen all Mënsch esou gäre gehéiert huet. Dem Papp séng gréisst Freed wor et, a stolz wéi e Kinnek wor en, wa se all mateneen, hee mat der Tromm, d'Jonge jiddferee mat séngem Enstroment, an der Sprangprozessioun marschéiert sin an dee Marsch gespillt hun. Ech gleewe wuel, dass de gudde Mann an deem Moment och vu muenchem Räiche beneit konnt gin. An iwwregens wësse mer nun och, datt mer zu Iechternach sin, deem eenzegschéinen, gottesliewege Fleckelchen Heemechtsäerd, vun deem d'éischt Kultur am Land ausgaangen as a wou nach haut dichteg Leit, Männer mat breede Schëlleren a gesonde Käpp, Fraë mat Häerz a Sënn, a wou en echten, treien, brave Lëtzebuerger Volleksgeescht doheem as. Soss wor de Papp d'Rou an d'Zefriddenheet selwer. Wann d'Zäiten deier woren an d'Liewe schwéier, wann d'Mamm an d'Kanner sech alt beklot hun, wéi ee sech esou haart drécke misst, dann huet hien e vum siwenzéngter Joer verzielt, wou et nach vill méi schlecht war an d'Leit d'Brennessele geschnidden hun, fir Mous dervun ze kachen. Eent bas de dem Liewe schëlleg: Buuscht dech, oder duld a Rou! Bas de Amboss, sëf gedëlleg, Bas de Hummer, da schlo zou! Zum Hummer konnt hien et nët bréngen; en huet all säi Liewen d'Roll vum Amboss gehat, ma e wor glécklech an zefridden derbäi. 'T huet säi Liewe keen de Papp eng Zigar raache gesinn. Hien hat ëmmer säin äerde Kliefchen an e Stéck Rolltubak vun engem Su. Dee gouf an der Hand geschnidden, opgeriwwen an opgestoppt, e Kielchen dee gutt gebrannt huet dropgeluegt, an esou gouf gefëmmt. Et war eng Freed fir em nozekucken, wéi en déi Päifchen esou geheescherlech ugefaangen a genoss huet. Sénge Jongen huet en ëmmer befuel an en et nët aneschter erlaabt ze fëmmen as wéi mam äerde Kliefchen a mam Strulli. »Ech hun der scho vill gesinn« sot en oft, »déi duurch d'Zigar verduerwe sin, ma nach keen deen duurch esou eng Päifchen hannerécks gaange wir. Lëtzebuergesch