D’ Meedche vu Gëtzen ( alt lëtzebuerger Vollekslidd ) Et wor e Meedche vu Gëtzen, o--ho mat An, wéi feiereg Blëtzen, o--ho ‘t wollt alle Männer gefalen, fir mat senge Freier ze bralen, o--ho, o--ho ‘t huet nëmme gedanzt a gesprongen, gekickelt, gerolzt a gesongen. et duecht, mat Spaassen a Laachen säi Gléck eemol sécher ze maachen. Mee wéi ët housch vum Bestueden, wollt kee sech das Meedchen oplueden. ‘t as zweeërlee: Männer a Freier - Haut as ët um Affener Weier. Dir Meedercher, loost iech beléieren, a kommt hier e gudde Rot héiren: Maacht nët ewéi d’ Meedche vu Gëtzen, soss bleift der nach alleguer sëtzen ! (source :luxmidi)