Den Éim Steffen Vollékslidd 1. Den Éim Steffen dee fiirt mat Spéin an d’ Stad , déi Bierger déi sin em entgéint gelaf, Riddi ralla lalla la, riddi ralla lalla la, déi Bierger déi sin em entgéint gelaf, 2. Éim Steffen, wat heescht der fir är Spéin ?" "Zéng Su fir de Pak, dat as näischt zevill!" Riddi ralla lalla la, riddi ralla lalla la, Zéng Su fir de Pak, dat as näischt zevill. 3. Éim Steffen, dir sid ons en deire Mann, mir loossen iech nët zu der Neipaart eran. 4. "A loosst dir méch nët zu der Neipaart eran, da klammen ech alt iwwer de Rampart eran" 5. Dem Éim Steffen séng Fra kacht Huewerbräi, a véierzéng Kanner, déi stin derbäi. 6. So, Steffen, wéi hues de déng Spéin verkaaft ? All Biirger, déi koume jo drop lassgelaaft!" 7. "Hei hun ech se nach alleguer beieneen, zéng Su fir de Pak, mee dat gët jo keen!" 8. Op déi Ried gouf de Steffen al erdappt an e krut och de Bockel gutt ausgeklappt, riddi ralla lalla la, riddi ralla lalla la, an e krut och de Bockel gutt ausgeklappt. (source :luxmidi)