D' Fëscher an d' Jeër Melodie an Text vum Dicks D’ Fëscher an d’ Jëer si Plättelefeër tra la la la la la la la la la D’ Fëscher an d’ Jëer si Plättelefeër tra la la la la la la la la la Si hun drëche Longen, ‘t sin duuschtereg Jongen! Si hun drëche Longen, ‘t sin duuschtereg Jongen! D’ Fëscher an d’ Jëer si Plättelefeër tra la la la la la la la la la 1. De Jeër deen huet vill auszeston, de Jeër dee kann och vill verdron, dach eppes dat verdréit hie nët, ‘t as wann et näischt ze drénke gët! Wéi oft war mir bal d’ Häerz vermuuscht aus iwerschwenglechem Duuscht 2. Am Jeër, do as gewëss gutt Stofft, mä näischt ziert méi ewéi frësch Loft. wann dir allzäit dobausse sit, da kritt der gudden Appetitt ! Hun ech e ganzen Dag gejot, da brauch ech keng Zalot beim Brot ! (source :luxmidi)